Liblingsplaz

about us

1, am Hafen
L-5447
Schwebsange

+352 28 80 66 05

info@liblingsplaz.lu

Méi, Dë: 8-22:30
Më: 8-16:00
Do-So: 8-22:30

Méi, Dë: 8-22:30
Më: 8-16:00
Do-So: 8-22:30

about.. Liblingsplaz

Frühstück, Mëttes-, an Owesiessen oder just e Kaffi direkt op der Musel? Mir sti fir Momenter, un déi een sech gär zeréckerënnert. #vakanzefeeling

Eng gemittlech Atmosphär an eis 90m2 grouss Terrass lueden Iech an, eng relax Zäit ze verbréngen & de Moment ze genéissen.
Bei eis gëtt et verschidde Frühstücksvariatiounen, ausgewielte Kaffisspezialitéiten a regional lëtzebuerger Plate.

Frühstück:

Méi-So: 8-12 Auer
Kichen

Méi-So: 12-21:30 Auer
Më: 12-14:30 Auer

Play Video

about.. Coffee

Daniel Moser ass “d‘Séil vum Espresso“

Mir sinn houfreg, als éischte Bistro am Lëtzebuerger Land, dee leckere Kaffi vun Daniel Moser aus Wien bei eis ubidden ze kennen.
Daniel Moser steet fir eng Joerhonnerten al Wiener Traditioun mat hirer Geschicht zënter 1685.
Aus 100% Arabica Bounen, gewues an de beschten Ubaugebidder vun der Welt an deem douce laange Réischteren, maache sie e qualitativ héichwäertegen a wierklech eenzegaartege Kaffi.

Méi Informatiounen iwwer d’Geschicht vum Kaffi fann Dir op danielmoser-products.com

 

about... shop

An eisem Shop stelle mir ausgewielten, regional Produkter aus, déi Dir direkt bei eis kafe kënnt.
Mir hunn eng grouss Auswiel u Spirituosen, Gin, Zerwéiten a villes méi, déi reegleméisseg wiesselt.

Bestseller: Dat lëtzebuergescht Brietspill ‚Nondikass‘ an de roude Gin ‚Red Forest‘ vu Lux’Us.

about.. refueling

De Yachthafen zu Schwéidsbeng ass deen eenzegen Hafen fir Fräizäitbooter op der lëtzebuergescher Musel. Zënter der Vergréisserung am Joer 1999 stinn elo 220 fest Bootsplazen zur Verfügung.
Dovunner sinn der 12 fir deeglech Passageclienten.

Méi Infos & d’Ëffnungszäiten vun der Tankstell fann Dir hei: