Ankerplaz
about.. Ankerplaz
Nach méi Vakanzefeeling um Hafe vu Schwéidsbeng! 😊 #sunsetvibes
Feine Sand an erfrëschend Gedrénks mat direktem Bléck op den Hafen – eis kléng Plage ‚Ankerplaz‘ ass déi ideal Plaz fir waarm Summerowender a gëlle Stonnen op der Musel.
D’Ankerplaz leit direkt um Yachthafen tëschent eisem Restaurant ‚um Hafen‘ an eisem Bistro ‚Liblingsplaz‘. Op der Plaz gëtt et e grousse Choix u Gedrénks a Snacks am Self-Service.
FAQs
Ouvertureszäiten
Mé + Dë Roudag
Më-Fr 16-22 Auer
Sa + So 14-22 Auer
Mir hunn all Feierdeeg am Mee zou!
Feierdeeg
Mir hunn all Feierdeeg am Mee zou!
Self-Service
Op der Plage ass Self-Service. Dat heescht, Dir huelt d’Gedrénks direkt un der Bar of, et gëtt net vum Service op d‘Plaz bruecht.
Gëtt et WLAN?
Jo, mir hu gratis WLAN op der Plage.
Ass et méiglech eng Plaz ze reservéieren?
Et ass net méiglech, eng Plaz ze reservéieren. Dir kënnt einfach laanscht kommen an entspanen. 😊
Bezuelung
Mir akzeptéiere Bar- a Kartenzahlung.
Accessibilitéit
D’Bar ass barrierefräi.
Ass et méiglech mäin Hond oder en aner Déiere matzebréngen?
Leider ass et net méiglech, Ären Hond oder aner Déiere matzebréngen. Mir hunn Hënn immens gär mee leider loosse sech eisen Usproch u Propretéit an d’Botze vun der Plage net mam Matbrénge vun Hënn combinéieren.
Ass fëmmen op der Ankerplaz erlaabt?
Eis Ankerplaz ass dobaussen am Fräien. Et kann iwwerall gefëmmt ginn. Huelt w.e.g just Récksiicht op déi aner Konnschaft. 😊
Ginn un der Bar Fotoen a Videoe gemaach an dierf ee Fotoe maache?
Dir kennt gäre Fotoe maachen. Mir freeën eis och ëmmer iwwer Verlinkungen op Insta, Facebook & Co – @liblingsplaz & @umhafen. 😊 Et gi vun eis och Fotoen a Videoe vun der Bar a bei Eventer gemaach. Mir notzen déi fir eis eege Publicitéit. D’Rechter un de Biller leie bei eis a ginn net un Drëtter weiderginn.
Dierf een eegent Gedrénks an Iessen matbréngen?
Nee, et ass net erlaabt, eegent Gedrénks an Iessen mat op d’Plage ze bréngen.
Dierf Gedrénks matgeholl ginn?
Nee, d’Gedrénks aus der Bar dierf net mat eraus geholl ginn.
Uweisungen
Den Uweisunge vun eisem Personal sinn ze beuechten.
Etiquette
Mir wënschen eis fir d‘Ankerplaz eng entspaant Atmosphär a Matenaner . Mir bieden Iech, mat gudder Laun bei eis laanscht ze kommen.
Video an Alarm
Eis Plaz ass iwwerwaacht an huet en Alarmsystem. Dir erkläert Iech averstanen, a bestëmmte Bereicher gefilmt an opgezeechent ze ginn. Dëst ass geduecht fir Är an eis Sécherheet. Selbstverständlech beuechte mir dobäi all gesetzlech Bestëmmungen a Richtlinnen.
