Liblingsplaz

Reservéiert elo Ären Dësch

Mir sinn all Feierdeeg 2026 zou.

Är Liblingsplaz direkt op der Musel

Frühstück, Mëttes-, an Owesiessen oder just e Kaffi direkt op der Musel? Mir sti fir Momenter, un déi een sech gär zeréckerënnert.

Eng gemittlech Atmosphär an eis 90m2 grouss Terrass lueden Iech an, eng relax Zäit ze verbréngen & de Moment ze genéissen. Bei eis gëtt et verschidde Frühstücksvariatiounen, ausgewielte Kaffisspezialitéiten a regional lëtzebuerger Plate am Bistrostil. Eis Kichen ass riichtduerch op.

Als grouss Déierefrënn sinn Är Muppen natierlech och wëllkomm bei eis.

Dir sicht eng klassesch awer och eenzegaarteg Kichen? Dann ass de Restaurant Um Hafen, direkt niewent der Liblingsplaz, déi perfekt Plaz fir Iech! Nieft dem schéine Bléck op de Schwéidsbenger Hafen fann Dir verschidde Wochemenüen mat Suggestioun vum Kichechef. De Restaurant ass mëttes an owes fir Iech op.

Och fir privat Evenementer!

Dir wëllt Äre Gebuertsdag, e Kanddaf oder en aneren Ulass bei eis feieren? Kee Problem!

Schéckt eis gär Är ganz perséinlech Ufro.

Guest Review

Brunch Buffet

Brunch Buffet

All 1. an 3. Sonndeg am Mount*
vun 11 bis 14 Auer

Mat kal a waarm Platen an Dessert

42€ pro Persoun*

*eng Coupe Crémant an e Glas Orangëjus pro Persoun am Präis mat dran.
Un dëse Sonndeger hu mir kee Frühstücken à la Carte.